top of page
2023-DjunaBernard-03.jpg

Djuna Bernard

 Députéiert vun déi gréng

 Member of Parliament of déi gréng

Häerzlech Wëllkomm op der Internetpresenz vum Djuna Bernard. 

 

Ech sinn  Deputéiert fir déi gréng an der Chamber: Ech sin Bildungspolitesch  a Sozial-Politesch Spriecherin vun menger Partei. Ech vertrieden déi gréng a folgende Kommissionen:

​

Educatioun

Famille

Santé a Sécurité Sociale

Travail

Medien

Kultur

Fonction Publique

​

Welcome to the website of Djuna Bernard. 

​

I am Member of Parliament, where I  speaker for social and educational affairs. I represent my party in the following committees:

​

Education

Social Affairs

Health 

Labour

Media

Culture

Civil Servants

​

Home: Welcome
Bernard_Djuna_Mamer-1_edited.jpg

About me

Ech hat déi enorm Chance 2018, am Alter vun 26 Joer an d’Chamber no ze réckelen. Fir als jéngst Deputéiert dëser Verantwortung gerecht ze gi, war net ëmmer einfach, an ech sinn definitiv un dëser Aufgab gewuess.

​

2024 sin ech erem zreck an d'Chamber komm, a setze mech haut an der Opposition weider fir meng Härzensthemen an.

​

Meng Themen déi mech ëmmer ugedriwwen hunn, war d’Chancëgerechtegkeet fir all Kand, d’Bekämpfung vun der Aarmut an den Ongläichheeten an d’Stäerkung vun der Zivilgesellschaft an dem Benevolat. 

All des Themen, si nach ëmmer extrem pertinent an dringend – a mir brauchen Politikerinnen an Politiker déi sech fir déi schwächst an der Gesellschaft an déi deenen hier Stëmm manner Gehéier fënnt asetzen.

Ganz konkret fuerderen ech e neie Modele vun der Familienarbeschtzait – fir dass béid Elteren méi laang Zäit kënnen doheem bleiwen wann hier Kanner nach ganz kleng sinn. Och en Congé bénévolat ass eng Fuerderung fir déi ech mech staark maachen, well et déi Leit valoriséiert an ënnerstëtzt déi sech fir d’Allgemengwuel an hirer Fräizäit engagéieren. Zu gudder Läscht, wënschen ech mer méi Bëschcrèchen an Bëschschoulen fir eis Kanner, fir dass si sech méi dobaussen beweegen kennen méi mat der Natur léieren kënnen.

​

d’Erfarung mech als Politikerin kennen ze engagéieren, ass eng déi ech immens gären maachen: mat vill Häerzblutt, Engagement an Empathie fir déi, op déi et ukënnt.

Group.HEIC
DjunaBernard-20.jpg

Iwwer mech - About myself

Djuna Bernard

Gebuer den 15.06.1992  - Born on the 15th of June 1992

Wunnhaft zu Mamer - Based in Mamer

Bachelor an der Geschicht - Bachelor in History

Master am Non-Profit Management and Governance - Master in Non-Profit Management and Governance

 

Partei-Präsidentin vun déi gréng vun 2019 bis 2024 - Chair of the political party déi gréng from 2019 until 2024

Députéiert seit 2018 - Member of parliament since 2018

Vize-Präsidentin vun der Chamber vun 2019-2023 Vice-President of Parliament from 2019-2023

Gemengeréitin vu Mamer seit 2023 - Local councillor in Mamer since 2023

​

Kultur - Culture

Bildung a Betreiung - Education, Childcare and Youth

Aarbescht a Soziales - Labour and social affairs

Famille - Family affairs

Santé a Sécurité sociale

Health and social security

 Medien -  Media

DjunaBernard-24.jpg

Sozial Gerechtegkeet - Inclusioun - Diversitéit




Dëst sinn di grouss politesch Ziler deenen ech mech verschriwwen hunn. Ech setzen mech an menger Politik dofir an dass mer eng sozial Gerechtegkeet an deem entspriechend Verdeelungspolitik hunn - dëst bedeit fir mech en staarken an aktiv-ënnerstëtzenden Sozialstaat, deen keen op der Streck léisst.

An eiser Schoulpolitik erwaarden ech eng Schoul déi Chancëgläichheet erméiglecht, sech eiser Sproochevillfalt unhëlt, an eis Kanner a Jugendlech op eng ganzheetlech, formal an non-formal Aart a Weis op d'Liewen als responsabele Bierger virbereet.

Ech sinn zu déifst iwwerzeegt dass eng staark Zivilgesellschaft an Kulturlandschaft eist Land méi räich, méi faarweg an méi oppen een vis à vis vum aneren mëscht. Dofir mussen eis KünstlerInnen an Kulturschafend Ã«nnerstëtzt gi, eis Associatiounen an ONG'en gestäerkt an encadréiert gi an eis MatbiergerInnen an hirem Engagement an hirer politescher Bildung bestäerkt gi.

Kontaktéier mech - Contact me

Direkt via Mail oder beim Secretariat vun der Partei:

​

greng{at}greng.lu  -  T. +352 27 48 27 1

​

​

​

  • Instagram
  • Facebook
  • Twitter

Thanks for submitting!

DjunaBernard-02.jpg
Home: Contact
Home: Instagram

©2020 by Djuna Bernard. Proudly created with Wix.com

bottom of page